Radioen

On air

Notturno  |  Rosali - Bite Down

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Caliban & Mike Litoris Complot

Caliban & Mike Litoris Complot

Caliban

De 6. Abrëll kënnt den neie Caliban Album Elements eraus. Zwou Singlen huet d'Band well am Virfeld verëffentlecht. Wéi och um Virgänger ass den Artwork dës Kéier ganz simpel gehalen a wéi d'Traditioun et wëll gëtt et och dës Kéier nees e Lidd op däitsch an den een oder anere Gaaschtoptrëtt. Am Interview vun haut erzielt de Gittarist Marc net nëmmen, wat eis um neien Album erwaart, mä och doriwwer wéi et war mam Brian Head Welch vu Korn zesummenzeschaffen a wéi wichteg hinnen dës Kooperatioune mat anere Museker eigentlech sinn.

Release vun der Woch: Mike Litoris Complot - The Art Of Pony Party (7/10)

Mir komme bei eng Band, där hir Musek net onbedéngt fir all Dag ass, wann ee kee Spaass versteet oder séier genervt ass vun eppes wat een net versteet.. Mir schwätze vun der eenzeger Lëtzebuerger Grindband Mike Litoris Complot, déi scho mat hierm Numm beweisen, wéi eescht si sech huelen: Nämlech guer net.

Verstäerkt gëtt dat duerch hir Bio, déi si der Press geschéckt hunn an an där si alls anescht wéi serieux sinn an z. B. och Reklamm fir d'Zeitung Wendy maachen.. Schliislech sinn si Frënn vu Ponien a Päerd, soss géif hiren Album, deen d'nächst Woch e Samschdeg erauskënnt, jo och net The Art Of Pony Party heeschen.



Wéi et sech fir eng Grind Band gehéiert, versteet ee vun den Texter net vill, mä déi muss een och net verstoen, fir ze wëssen, dass d'Band sech och an hirer Musek net allzeheescht hëllt, an eng gesond Portioun schwaarzen Humor un den Dag leet; mat Titele wéi Circus SlammyGranny, We Hate Fat People, Municipal Aids, Ape Rape oder de Bounepier. Ma och an der Musek selwer gëtt et vill Momenter, wou einfach nëmme rëm geblödelt gëtt.

Wat d'Musek u sech ugeet, kann een de Genre zwar wuel als Grind bezeechnen, obwuel d'Lidder mat Lafzäiten tëscht 3 a 6 Minutte fir Grind relativ laang sinn an et souguer den een oder anere Solo gëtt. Generell geet et awer richteg virun, et gëtt vill Slams an och Groove, sou dass den Album net nëmme wéinst de Blödeleie Spaass mécht, mä och duerch eng sëlleche gäil Riffer matzerappe weess.

Et ass sécher keen Album fir jiddereen, mä all Mënsch mat bëssen Humor, fir deen net ëmmer alles muss politesch korrekt sinn, wäert sech vun Zäit zu Zäit un dësem Album erfreeë kënnen.

Playlist

Testament - The Legacy

Judas Priest - Never The Heroes

Caliban - Before Later Becomes Never

At The Gates - To Drink From Night Itself

Fusion Bomb - Pravda

Godslave - Unseen Storm

Mike Litoris Complot - We Hate Fat People

Miles To Perdition - Slave Nation

Episoden