arrow_back_ios
Klassik aktuell
Zwee mol Singer Pur
E Samschdeg (10.3.2018) trëtt den däitsche Vocalensembel Singer Pur am Kader vum Klenge Maarnicher Festival op, an den Dag drop bei de Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette. Déi sechs Sänger proposéieren e Programm mam Titel "Auf, auf mein Herz mit Freuden: Die protestantische Tradition und ihre Wegbereiter". Op der Affiche sti Wierker vun de Komponiste Bach, Schütz, Stoltzer a Walter.
De Luc Boentges huet mam Bariton Reiner Schneider-Waterberg iwwer den Ensembel an de Programm geschwat.