arrow_back_ios
Klassik aktuell
Ee Komponist, zwou Schoulklassen a ganz vill Iddien
Zwou Schoulklassen aus enger Bouneweger Grondschoul participéieren um Philharmonie-Workshop Von den Schluchten zu den Sternen. Encadréiert ginn déi zéng Joer al Schüler ënnert anerem vum Komponist Gerhard Müller-Hornbach. Hie stellt hinnen d'Musek vum Olivier Messiaen vir an hëlleft hinnen eng eege Kompositioun ze schreiwen, déi den 21. Mäerz an der Philharmonie uropgefouert gëtt.
De Luc Boentges huet an dëse Workshop eragelauschtert a mat de Bedeelegte geschwat.