Zäithistoriker
D'Microhistoire - e "jeu d'échelles"
D'Lescht Woch hat de Fuerschungsprojet Luxtapoje vun der Uni Lëtzebuerg, deen am gaang ass, déi Lëtzebuerger Dossieren vun der Friemepolice virun an nom Zweete Weltkrich ze analyséieren, op e grousse Colloque agelueden, ënnert dem Titel: "The way out: Microhistories of flight from Nazi Germany". Den Titel verréit schonn, datt et net nëmmen ëm eng spezifesch Zäit an e spezifescht Thema gaang ass, mee och ëm eng spezifesch Method. D'Micro-Histoire ass e Konzept innerhalb vun der Geschichtswëssenschaft, dat et schonn eng Rei vu Joerzéngte gëtt, dat awer haut, zum Deel och duerch d'Méiglechkeete vun der Digitaliséierung, eng nei Bléi erliewt.