Kultur
E Buch iwwer de Massemäerder Anders Breivik ausgezeechent
Åsne Seierstad ass mat sëlleche Journalistepräisser ausgezeechent ginn. Als Krichsreporterin war si am Afghanistan, Irak, Tschetschenien, Serbien a Kosovo fir den norwegesche Fernseh ënnerwee. Elo ass si fir e Wierk "Einer von uns. Die Geschichte eines Massenmörders." zu Leipzig mam Leipziger Buchpreis zur Europäischen Verständigung ausgezeechent ginn. Am Buch geet si op d'Spuere vum Anders Breivik, deen 2011 77 Mënschen ëmbruecht huet. D'Valerija Berdi huet sech mat der Presidentin vum Jury, der Buergermeeschtesch fir d'Kultur vun der Stad Leipzig, der Dr. Skadi Jennicke ënnerhalen.