arrow_back_ios
Kultur
King Kong, den Ur-Papp vun alle Monsterfilmer
Wann mir King Kong soen, da brauch ee net weider vill z'explizéieren. De King Kong ass a bleift dee bekanntste Gorilla aus der Filmgeschicht. De King Kong war och dat éischt Monster, dat speziell fir de Film erfonnt gouf an net wéi en Dracula oder e Frankenstein op Basis vun enger Romanvirlag kreéiert gouf. Viru 85 Joer am Mäerz 1933 war Première vum Film "King Kong" an der Radio City Music Hall zu New York, an dëse Film gëllt nach haut als Ur-Papp vun alle Monsterfilmer. Explikatioune vum Jean Claude Majerus.