arrow_back_ios
Klassik aktuell
Confluences
Den 10. Abrëll 2016 gouf déi nei Thomas-Uergel an der renovéierter Dekanatskierch zu Dikrech ageweit. D'Instrument mat sengem modernen, hellen, mat vill Luucht ausstafféierte Buffet, eegent sech net nëmme fir déi ganz Bandbreet vun der liturgescher Musek ze spillen, et ass antëscht och vill gefrot fir CD-Opnamen. Dräi Diske goufen opgeholl, an deen éischte kënnt elo d'nächst Woch eraus: "Confluences" mam Titularorganist Maurice Clement.