arrow_back_ios
Kultur
Nei Chronik vun der Lunghi-Affär
Gëschter Owend war an der Librairie Alinéa d'Virstellung vun engem neie Buch iwwert d'Affär vum fréiere Mudam Direkter Enrico Lunghi. Ënnert dem Titel "Lynchage médiatique et abus de pouvoir. Chronique de l'affaire Lunghi-RTL-Bettel" beschreift d'Catherine Gaeng, d'Liewenspartnerin vum Ex-Direkter, iwwert 360 Säiten, d'Ausléiser an d'Reaktiounen op den RTL Interview vum 13. September 2016. De Christian Mosar informéiert.