arrow_back_ios
Klassik aktuell
Jonk an onkonventionnell
"Feuriges Pferd mit Saiten" - esou hunn d'Kollege vum SWR e Beitrag iwwert de Quatuor Arod iwwerschriwwen, nodeems déi véier jonk Museker 2016 den ARD-Concours gewonnen haten. De Quatuor Arod ass eng vun de villverspriechenden neie Kammermuseksformatiounen - dat ënnersträicht och Tatsaach, datt de Quartett als Rising Star fir d'Saison 2018/2019 nominéiert ass an dann och an d'Philharmonie wäert kommen. Wie sech awer net esou laang wëll gedëllegen, dee kann de Quatuor Arod den Owend (7.3.2018) am CAPE zu Ettelbréck schonn erliewen.