arrow_back_ios
Blue Note
Joshua Redman
De 16. Mäerz kënnt den amerikanesche Saxophonist Joshua Redman fir e Concert an d'Philharmonie, dat zesummen mam Lëtzebuerger Jazztrio RDW Reis-Demuth-Wiltgen. De Joshua Redman gehéiert mëttlerweil zu de Stare vun der Jazzzeen, an de Fait, datt hien net nëmmen e Concert mam Trio RDW spillt, mä fir zwou Woche mat hinnen op Europatournée geet, ënnersträicht déi héich Qualitéit vum Lëtzebuerger Trio. De Jitz Jeitz presentéiert e Portrait vum Topsaxophonist.