Klassik aktuell
"Es gibt nichts, was zu erwarten wäre, als der Tod"
Obschonns de Bernd Alois Zimmermann quasi säi ganzt Liewen zu Köln verbruecht huet, war en net onbedéngt eng lëschteg Natur. D'Erklärung läit zum Deel a senger Biographie, an der Tatsaach, datt de Komponist a kenger Generatioun richteg Fouss gefaasst huet. Iwwerdeems erwëscht en och nach eng schwéier Hautkrankheet, déi hie säi Liewe laang begleet. All dës Ëmstänn maachen aus dem Bernd Alois Zimmermann e Museker, dee stänneg op der Sich war, op der Sich no senger Plaz an der Musek, an der Gesellschaft, am Liewen. Eent vum Zimmermann senge Leschte Wierker ass "Requiem für einen jungen Dichter" - ee Wierk iwwert Verzweiwlung an Hoffnungslosegkeet an domadder och eng quasi autobiographesch Kompositioun. Den 10. August 1970 hëlt de Bernd Alois Zimmermann sech d'Liewen.