Radioen

On air

Notturno  |  Elbow - An Imagined Affair

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Forge & Pestilence

Forge & Pestilence

Forge

Am Interview hu mer haut eng vun de ganz wéinegen Doom/Stoner Bands, déi Lëtzebuerg ze bidden huet, nämlech Forge, déi Ufank dës Joers hiren Debutlabum "Dark" erausbruecht hunn.

Release vun der Woch: Pestilence - Hadeon (8/10)

Déi legendär hollännesch Death Metal Band Pestilence ass nees zréck mat engem neien Album. Hadeon, hire 7. Album an deen éischten ënnert dem neie Lineup, kënnt de 5. Mäerz, also e Méindeg eraus. An och wann de Sänger a Gittarist Patrick Mameli den eenzege vun den originale Memberen ass, sou kléngt d'Band dach méi wéi jee nom Original, an nach méi. Währenddeems den Album wuel voll ass mat old school Death Metal Riffer a Groove, huet en och de gewëssene progressive Feeling, deen d'Band am Laf vun de Joren entwéckelt huet.

Den Opener Unholy Transcript ass en onheemlechen an iwwerraschend epeschen Track, dee Loscht drop mécht, nach méi vum Album ze héieren. Non-Physical Existence ass den éischte Song mat normaler Längt a geet zimlech straight forward virun mat gäile Riffer, Groove an engem gehirlose Solo.

An do fält et och direkt op, wéi gutt den neie Gittarist Santiago Dobles bei de Mameli passt a wéi gutt si zesumme funktionéieren, fir déi knallhaart Riffer mat technescher Expertise ëmzesetzen. A generell sinn d'Soloen och déi Plazen um Album, op deene mech dës Symbios am meeschte beandrockt.



Oversoul an Astral Projection sinn da wuel déi proggeschst Tracks um Album, an deenen d'Band am meeschten experimentéiert a gläichzäiteg awer bei hire Wuerzele bleift, z. B. an deems d'Drums an de Bass sech bëssen um Jazz orientéieren.

Subvisions a Manifestations sinn dann nees zwee Songs an deenen et einfach nëmme viru geet, an an deenen d'Hollänner nees bewäisen, a wat fir engem Genre si zënter puer Releasen eigentlech ënnerwee sinn - d'Musek ass zwar heavy, mä komesch getimed, esou dass d'Band alt nach emol méi hir teschnech Fähegkeeten ënner Bewäis stellt.

Op Hadeon gi Pestilence an all Sekonn vun dësem Album 110%, et gëtt kee Moment vergeud a gläichzäiteg weist d'Kultband wonnerbar wéi gutt si technesch sinn a si gläichzäiteg zimlech old school

Playlist

Entombed - Left Hand Path

Thorium - Maniac

Forge - Agony

ILSA - Long Lost Friend

Outer Heaven - Into Hellfire

Angelus Apatrida - Sharpen The Guillotine

Pestilence - Multi Dimensional

Sons Of Apollo - Alive

Inzest - Murderer

Episoden