Klassik aktuell
"Deen éischte grousse Komponist hei zu Lëtzebuerg"
Zënter iwwert zéng Joer beschäftegt sech d'Uni Lëtzebuerg mam Laurent Menager. Leschte Samschdeg (3.3.2018) hunn d'Musekswëssenschaftler Damien Sagrillo, Alain Nitschké a Caroline Reuter d'Bänner dräi a fënnef vun der kritescher Gesamtausgab vum Komponist senge Wierker zu Schëffleng presentéiert. Fir d'musikalescht Encadrement hunn ënnert anerem den Ensemble Vocal du Luxembourg an de Vocalquartett DurAkkord gesuergt. De Luc Boentges war op der Plaz an huet mat der Caroline Reuter an dem Alain Nitschké geschwat.