Radioen

On air

Notturno  |  No Metal In This Battle - Melody Nelson Mandela

play_arrow Live
arrow_back_ios

Blue Note

100komma7.lu / Blue Note

/ Reis-Demuth-Wiltgen feat. Joshua Redman, OPL a Vince Mendoza

Reis-Demuth-Wiltgen feat. Joshua Redman, OPL a Vince Mendoza

Nodeems si am Lycée fir d'éischte Kéier an engem gemeinsamen Trio gespillt hunn, huet et de Pianist Michel Reis, de Kontrabassist Marc Demuth an de Batteur Paul Wiltgen jeeweils an eng aner Richtung gezu fir d'Studien. Trotzdem hu si sech zéng Joer dono erëm zu Lëtzebuerg erëmfonnt, hiren Trio nees opliewe gelooss a mëttlerweil gehéiere si zu der Spëtz vum Lëtzebuerger Jazz. Iergendwou tëscht subtile Grooves, melancholescher Melodik, engem organeschen Interplay tëscht dräi Museker mat staarker Stëmm an energetesche Klang-Konstruktiounen forgéiert sech iwwert d'Joren ëmmer méi e Sound mat absolutem Erëmerkennungswäert. De Michel Reis an de Paul Wiltgen schwätzen iwwert déi nächst Etappen, zu deenen ënnert anerem eng Tour mam Joshua Redman an en neien Album gehéieren. Een Highlight ass de Concert dëse 16. Mäerz an der Philharmonie. Presentéiert vum Pol Belardi a Pit Dahm.

Episoden

Fraen an der Jazzgeschicht

Zanter dem Ufank vum Jazz sti Fraen net nëmmen hannert der Bün, mee och iwwerzeegend drop, wann och dacks ouni déi verdéngte Reputatioun.

Criss Cross Europe 2021

Interview am Kader vum Criss Cross Europe 2021 an den Dizzi Gillespie als Portrait

Concert de Solidarité an Hierschtgefiller

headphones

60 min

play_arrow

Jazzprogramm Diddeleng a Philharmonie

Den Jazzprogramm vun Kulturzenter OpderSchmelz Diddeleng a vun der Philharmonie.

Bün fräi fir d'Proffen

De Pit an de Pol ginn zeréck op hir Studiejoren a featuren d'Musek vun hire Proffen am Ausland.

CD Release Arthur Possing 4tet

Neien Disk vum Arthur Possing an eng Partie Gebuertsdeeg am Jazz

Jitz Jeitz, Saxofonist a Klarinettist

De Saxofonist a Klarinettist ass en alen Hues am Beräich Jazz zu Lëtzebuerg. Laang huet hie säin eegene Quartett geféiert oder an aner Bands gespillt.

D'Sonn am Jazz

Fir d'Summerméint an déi waarm Joreszäiten hu sech eng ganz Partie Jazzmuseker um Theema Sonn inspiréiert.

Jazz zu Lëtzebuerg an en Anniversaire

Marly Marques 5tet / Matheiu Clement & Daniel Migliosi / Nelson Riddle 100. Gebuertsdag

E puer wichteg Live-Evenementer fir de Summer

Den Echterlive blitt erëm op mat enger äusserst diversifizéierter Programmatioun, an och am Neimënster an um Festival de Wiltz gëtt munches gebueden.

Aphexions, en neien Album

De Pianist Dorian Dumont an de Klarinettist Tony Scott

Jazz Solo Performances

Piano-Solo-Concerte ginn et der eng jett ... mee wéi steet et ëm déi aner Instrumenter am Jazz? Trauen och déi sech eleng op eng Bün?
E Saxophonist, eng Sängerin an e Familljentrio

E Saxophonist, eng Sängerin an e Familljentrio

Gespréicher mam Shauli Einav, Adrienne Haan an Maurice a Mathieu Clement

Kaboom

De Batteur Michel Meis exploréiert op séngem neien Album nei Sounds an Timberen.

De Gittarist Gilles Grethen

Éischten Disk vum Giilles Grethen.
headphones

60 min

play_arrow
De Saxofonist David Ascani

De Saxofonist David Ascani

"Invisible" heescht dem David Ascani seng neiste Release am Quintett, déi fir dës Editioun vum Festival Like a Jazz Machine zu Diddeleng erauskënnt.
headphones

60 min

play_arrow

Spring - Fréijoersgefiller am Jazz

D'Opliewe vun der Natur hat net nëmmen op déi klassesch Komponisten en Afloss. Och am Jazz loosse sech d'Kënschtler vum Fréijoer inspiréieren.

Like a Jazz Machine 2021

De Festival zu Diddeleng an de Boris Schmidt am CAPE

Jaco Pastorius

En Ausnametalent ënner de Museker, deen eegenhänneg d'Grenze vun der Bassgittar nei definéiert huet.

"Observe The Silence" vum Greg Lamy

Nei Albume vu Greg Lamy an Archie Lee Hooker