Blue Note
Reis-Demuth-Wiltgen feat. Joshua Redman, OPL a Vince Mendoza
Nodeems si am Lycée fir d'éischte Kéier an engem gemeinsamen Trio gespillt hunn, huet et de Pianist Michel Reis, de Kontrabassist Marc Demuth an de Batteur Paul Wiltgen jeeweils an eng aner Richtung gezu fir d'Studien. Trotzdem hu si sech zéng Joer dono erëm zu Lëtzebuerg erëmfonnt, hiren Trio nees opliewe gelooss a mëttlerweil gehéiere si zu der Spëtz vum Lëtzebuerger Jazz. Iergendwou tëscht subtile Grooves, melancholescher Melodik, engem organeschen Interplay tëscht dräi Museker mat staarker Stëmm an energetesche Klang-Konstruktiounen forgéiert sech iwwert d'Joren ëmmer méi e Sound mat absolutem Erëmerkennungswäert. De Michel Reis an de Paul Wiltgen schwätzen iwwert déi nächst Etappen, zu deenen ënnert anerem eng Tour mam Joshua Redman an en neien Album gehéieren. Een Highlight ass de Concert dëse 16. Mäerz an der Philharmonie. Presentéiert vum Pol Belardi a Pit Dahm.