arrow_back_ios
Kultur
Tiamat
E Geschäftsmann owes spéit um Heemwee ... Hie gesäit nach d'Luuchten an engem Bistrot a geet eran, fir nach e leschte Patt ze huelen a fänkt un z'erzielen. Iwwert säi Business a säin Erfolleg, deen net ëmmer ganz propper ofleeft, säin trist Bestietnis a seng Affären, seng Vue op säi Quartier, an deem hie sech net wuelfillt, seng Vue op Lëtzebuerg ...
D'Valerija Berdi huet sech mam ganz enthusiastesche Regisseur Jean Boillot ënnerhalen.