Konferenzen
Evolutioun - Al Genen, nei Tricken
Am Kader vun de Science Tuesdays hat den natur musée am Gronn de 6. Februar op eng Visite guidée zum Thema Evolutioun - Al Genen, nei Tricken, mam Dr. Guy Colling agelueden. Haaptthema vun der Dauerausstellung am Musée ass d'Evolutioun vun de Liewewiesen iwwert länger Zäitraim ewech, an déi domadder verbonnen Transformatioune vum Kierperbau. Duergestallt sinn ënnert anerem de Landgang vun den Déieren a Planzen, d'Eruewerung vum Loftraum, grad wéi de Retour an d'Mier vu verschiddene Wierbeldéieren. D'Visite gouf opgeholl a verschafft vum Carlo Link.
Kambrëch Explosioun - Evolutiounsraum © MNHN
Evogramm - © MNHNL/CL
Evolutioun - Wandel - Evolutiounsraum © MNHNL
Evolutioun - Ichthyosaurus an Plesiosuarus - Evolutiounsraum © MNHNL
Evolutioun - vum Waasser an d'Loft - Evolutiounsraum © MNHNL
Site vum MNHNL-natur musée am Gronn: https://www.mnhn.lu