Kultur
Martin Suter, en authenteschen Auteur
Et ass schonn e Kräiz, wann een den 29. Februar gebuer ass. Entweder et feiert een nëmmen all véier Joer, oder et feiert een den 28. Februar oder den éischte Mäerz. De Schwäizer Auteur Martin Suter ass, grad eben wéi e Gioachino Rossini, en Jimmy Dorsey, eng Michèle Morgan an de Lëtzebuerger Kabarettist Jemp Schuster op engem 29. Februar gebuer. Egal wéi, hie kritt 70 Joer mat oder ouni 29. Februar. 2017 koum dem Martin Suter säi leschte Roman mam Titel "Elefant" eraus, mat engem rosaen Elefant, deen nuets liicht. De Suter ass en Auteur, dee seng Personnagen esou präzis a senge Romaner beschreift, datt een um Enn mengt, si ze kennen. E Portrait vum Jean Claude Majerus.