arrow_back_ios
Aktuelles
De Mëllerdall soll esou wäit wéi méiglech klimaneutral ginn
Déi eelef Gemengen aus dem Naturpark Mëllerdall sinn Deel vum Projet Zenapa (Zero Emission Nature Protection Areas). Zil ass et, am Laf vun den nächste Joren déi fossil Energievecteure progressiv mat Solaranlagen an duerch Holzhackschnëtzel-Heizanlagen z'ersetzen. D'Natassja Mich, Klimawandelmanagerin am Naturpark Mëllerdall, am Gespréich mam Gilles Wunsch.