Kultur
Kaderprogramm vun der Karl Marx-Expo zu Tréier
A knapp zwee Méint, de 5. Mee 2018 gëtt zu Tréier déi grouss Stad- a Landausstellung iwwert de Karl Marx lancéiert. Eng Ausstellung déi ënnert dem Patronnage vum däitsche President Frank Walter Steinmeier steet. D'Stad Tréier hofft ëm déi 100.000 Visiteuren. Véier Muséeë maachen bei dëser Expo mat, déi d'Liewen, Wierk an Zäit vum Karl Marx retracéiert. Mat dernieft engem impressionnante Kaderprogramm, deen vru kuerzem zu Tréier presentéiert gouf. D'Tréirer Journalistin Marion Barzen war bei der Presentatioun derbäi.