arrow_back_ios
Klassik aktuell
Lunch mat Liebesdrama
Wie säi Mëttegiesse mat enger dramatesch Liebesgeschicht vum William Shakespeare wëll wierzen, deem ass de Menu vum Lunch Concert muer (27.2.) an der Philharmonie ze recommandéieren: Julia goes Mercutio gëtt do zerwéiert, eng Relecture vun der Musek vum Serge Prokofjew mam Trio Annemie Osborne, Françoise Tonteling a Michel Mootz. De Manuel Ribeiro huet sech mat der Cellistin Annemie Osborne an der Pianistin Françoise Tonteling ënnerhalen.