Klassik aktuell
De Karneval der Tiere eng Kéier anescht
E Samschdeg an e Sonndeg (24/25.2.2018) proposéiert d'Philharmonie e Concert fir Kanner am Alter tëschent fënnef an néng Joer. Um Programm steet e "Karneval der Tiere", awer net an der bekannter Form vum Camille Saint-Saëns. Solisten aus dem Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg interpretéiere Wierker vun de Komponiste Claude Debussy, Joseph Haydn an Erik Satie. Dernieft stinn och Kompositiounen an Arrangementer vum Andreas Tarkmann op der Affiche, deen d'Musek fir dëse Projet zesummegestallt huet. De Luc Boentges huet mat der Dirigentin Giedre Slekyte iwwert dëse Concert geschwat.