Klassik aktuell
Barbier de Séville am Stater Theater
"Il Barbieri di Siviglia" ass dem Gioacchino Rossini seng bekanntsten Oper, e Wierk nom Livret vum Cesare Sterbini, nom Schauspill vum Pierre Augustin Caron de Beaumarchais. Hei d'Konschtwierk par Excellence vun der sougenannter Opéra bouffe. U sech d'Virgeschicht vun den Noces de Figaro (Mozart). D'Uropféierung vun der Oper war den 20. Februar 1816 am Teatro di Torre Argentina zu Roum, e reellt Desaster. Haut gehéiert dëse Barbier zu de beléiftsten Operen.
Am Stater Theater stinn dräi Virstellungen vun der Oper um Programm: 28.2. / 2.3 a 4.3.2018. Nieft de villen exzellente Solisten, dem OPL, steet och den Choeur de l'Opéra de Marseille op der Bühn.
De Manuel Ribeiro huet sech mam Dirigent Jérémie Rhorer ënnerhalen.