arrow_back_ios
Zäithistoriker
Feministesch Revolutioun
Déi feministesch Revolutioun, esou wéi den franséischen Historiker an Demograf Emmanuel Todd se beschreift, gesäit net aus wéi déi, déi eis bekannt sinn. Si ass net prioritär politesch oder ekonomesch, mä kulturell. Si stellt och eis Visioun vum Progrès a Fro, well si mat engem historeschen Trend brécht an d'Geschicht zréckdréit. De leschte Paradox ass, datt se enger universeller Logik follegt an trotzdeem eng westlech Basis huet.
Eng Chronik vum Vincent Artuso.