arrow_back_ios
Aktuelles
Haut ass den International Tourist Guide Day 2018
Den Tourismus gehéiert zënter laangem zu Lëtzebuerg an ass längst ee wichtegt ekonomescht Standbeen. Duerch den Tourismus kréien déi eenzel Regioune vum Land op internationalem Plang och méi Visibilitéit. Een Aspekt, deen haut, am Kader vum International Tourist Guide Day 2018 soll ervirgehuewe ginn. Detailer dozou vun der Marianne Origer, Responsabel fir de Beräich Kommunikatioun a Press beim Office Régional du Tourisme Région Mullerthal, am Gespréich mam Gilles Wunsch.