Radioen

On air

Notturno  |  Elbow - An Imagined Affair

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Ektomorf? Metal aus Ungarn!

Ektomorf? Metal aus Ungarn!

Ektomorf

Ektomorf ass wuel déi bekanntesten ungaresch Metal Band, déi et gëtt. An den 90er ware si virun allem doheem ënnerwee. Mat hirem 2003er Album Destroy hu si et dunn iwwert d'Landesgrenzen erausgepackt a si lo effektiv iwwerall uechter d'Welt op Tour. Déi nächst Woch kënnt hiren neien Album Fury bei AFM Records eraus, an an deem Kontext hunn ech mech mam Frontmann Zoltan ënnerhalen, deen ënnert anerem erzielt huet, wéi hie seng Léift zu 8 säitege Gittaren entdeckt huet oder wéi wäit d'Zesummenaarbecht mam Tom G. Warrior virugaange sinn.

Release vun der Woch: Angra - OMNI (8/10)

Wann een u Metal aus Brasilien denkt, fält engem virun allem alles dat an, wou Cavalera drop steet. Ma nieft Sepultura, Soulfly a Co. gëtt et och nach déi eng oder aner Grupp, déi net nëmme a Brasilien bekannt sinn. Eng dovunner heescht Angra a bréngt déi nächst Woch hiren neien Album OMNI eraus.

Wie sech bësse mat der Band auserneegesat huet, mierkt direkt, dass d'Band zënter Temple Of Shadows, deen 2004 erauskomm war, ëmmer méi u Feingefill gewonnen huet. Lues awer sécher gëtt der Band hire Sound ëmmer méi geschmeideg, awer net manner kräfteg. Sou héiert ee mat OMNI een opgeraumten Album, deen e Krack méi angenehm ass fir ze lauschteren, wéi dat fréiert Material vun de Brasilianer.

Doduerch dass ee méi liicht an de Sound vun der Band erakënnt, mécht et allgemeng och méi Spaass nozelauschteren. Och den aktuelle Sänger Fabio Lione, deen zënter 2013 dobäi ass a schonn duerch seng Roll bei Rhapsody Of Fire e gewësse Bekanntheetsgrad huet, dréit do säin Deel dozou bäi, ass seng Stëmm dach bësse manner grell, wéi sengem Virgänger seng.

D'Band méht allerdéngs och vun Ufank u kloer, mat wiem een et hei ze dinn huet. Den Opener Light Of Transcendence kënnt dohir wéi en bombasteschen Donner, dee mat senge groussen awer och zum Deel subtile Melodien ze iwwerzeege weess.

De symphoneschen Deel vun hirem Sound gëtt och zu Gonschte vum renge Metal kleng gehal, fir sech dann awer zu de richtege Momenter mat voller Wucht ze entfalen.

Dobäi bréngen Angra et fäerdeg mat enger Eleganz dohir ze kommen, déi de Lidder wonnerbar an d'Kaarte spillt, sou dass dës all ongezwongen an natierlech eriwwerkommen. An doduerch klénge Balladen, wéi Bottom Of My Soul och net deplacéiert.

Natierelch spillt och den exzellente Songwriting eng Roll, sief et duerch passend Harmonie-Wiesselen an der Bréck vun Travelers Of Time oder dem Asaz vu folkloristeschen Elemter beim Stéck Caveman. Donieft gëtt et awer och genuch Energie-geluede Stécker, déi en einfach nëmme matrappen, wéi z. B. Insania.

Dat eenzegt, wat net wierklech op den Album passt, ass de Gaaschtoptrëtt vun der Arch Enemy Sängerin Alissa White-Gluz. Leider kléngt den Track Black Widow's Web ze vill forcéiert.. An och d'Dauer vum Album, déi bei iwwert enger Stonn läit, kraazt dach awer bëssen un der Qualitéit, vu dass einfach méi Potential fir kleng Dommheeten a Mëttelmoossegkeeten do ass. Alles an allem awer een Album, deen deene meeschte Power Metal Fans dierft gefalen.

Playlist

Devastation - Idolatry

Suffocation - Return To The Abyss

Ektomorf - Prophet Of Doom

Memoriam - Bleed The Same

Road To Jerusalem - Widowmaker

Monster Magnet - Mindfucker

Angra - Travelers Of Time

Nile - Ramses Bringer Of War

Episoden