arrow_back_ios
Kultur
Mike Leigh: Kee feste Zeenario a vill Improvisatioun
Seng Filmaarbecht ass virun allem doduerch charakteriséiert, datt hien als Cineast ni vun engem fäerdegen Zeenario ausgeet. Seng Filmer gi mat Gefill a vill Häerzblutt realiséiert a meeschtens och nach mat wéineg Geld. Rieds geet vum britesche Bühnen- a Filmregisseur Mike Leigh. Zënter iwwert 50 Joer steet dem Mike Leigh säin Numm elo schonn fir sozialkritesch Dramaen a fir eegewëlleg Komedien. Haut kritt de Mike Leigh 75 Joer, mä un d'Ophalen denkt hien awer nach net. E Portrait mam Jean Claude Majerus.