arrow_back_ios
Kultur
De Philippe Nathan bei Intro_Architektur
Zënter Juni 2017 presentéiert de Kulturministère am Konschthaus beim Engel Mount fir Mount d'Facette vun der Kreativitéit zu Lëtzebuerg. Skulptur a Serigraphie maachen de Cycle Intro_ grad esou aus wéi Moud a Grafik Design. Bis de 25. Februar steet d'Architektur am Mëttelpunkt: net onbedéngt reell Konstruktiounen, éischter architektonesch Konzepter a Visiounen. D'Kerstin Thalau wollt vum Architekt Philippe Nathan, ee vun den dräi Exposanten, méi iwwert säin Ausstellungsprojet gewuer ginn.