arrow_back_ios
Kultur
D'Expo Pitch an de Rotonden
Tëscht dem 16. Februar an dem 4. Mäerz kënnt Dir an de Rotonden hannert der Gare d'Ausstellung Pitch entdecken, dëst am Kader vum Luxembourg City Film Festival. Gewise gi Filmaffichen an ..... d'VHSen, déi dozou gehéieren!! Jo, effektiv, Dir hutt richteg héieren: al Videokassetten. D'Kerstin Thalau huet sech an der Expo all Zäit gefillt, wéi an enger Videothéik vu fréier.