Kultur
Mat 75 muss een am Liewe raumen
Déi däitsch Journalistin, Talkmasterin, Kabarettistin a Schrëftstellerin Elke Heidenreich ass engem groussen Public virun allem duerch Televisiounsserien wéi Literaturclub, Durchblick, Kölner Treff, Das Literarische Quartett, Live oder d'ZDF-Emissioun Lesen bekannt. Populär awer gouf d'Elke Heidenreich duerch hir kabarettistesch Televisiounsoptrëtter als Else Stratmann während den Olympesche Spiller zu Los Angeles an zu Seoul. D'Elke Heidenreich krut gëschter 75 Joer, a si huet elo decidéiert, datt et Zäit gëtt an hirem Liewen ze raumen.