arrow_back_ios
Klassik aktuell
Kuerznoriichten aus der Klassikwelt
- Leschte Freideg ass deen islännesche Filmmusekskomponist Johann Johannsson zu Berlin gestuerwen, am Alter vun nëmmen 48 Joer. Eng Partie vu senge Filmmuseke war nominéiert fir Grammyen an Oskaren.
- Zu Salzburg war de Mozartconcours dëst Joer fir déi 13. Kéier an der Universitéit Mozarteum Salzburg, an dat an der Sparte Sträichquartett. Dee mat 20.000 Euro dotéierte Präis ass un de franséischen Quatuor Tchalik gaangen.
Kuerznoriichten aus der Klassikwelt presentéiert vum Manuel Ribeiro.