Klassik aktuell
Kuerznoriichten aus der Klassikwelt
- De franséischen Dirigent Sylvain Cambreling, 69 Joer, ass nach bis Enn der Saison Generalmuseksdirekter an der Oper Stuttgart. Allerdéngs iwwerhëlt hien an der Saison 2018/19 als Nofolger vum 2018 verstuerwenen Jeffrey Tate d'Leedung vun de Symhoniker Hamburg.
- D'Olympesch Wanterspiller sinn zënter e puer Deeg am Gaangen. A bei de Zeremonië vun de Wanterspiller a Südkorea war eng Sopranistin ze héieren, déi an engem ganz traditionellen Kleed ugetrueden ass. No hirer Performance hu sech Läit gefrot, wien dës Kënschtlerin war. Sumy Hwang hat 2014 de Concours Reine Elisabeth zu Bréissel gewonnen.
Kuerznoriichten aus der Klassikwelt presentéiert vum Manuel Ribeiro.