Radioen

On air

Notturno  |  Corbi - Um Knäppche Gëtt Gedréint

play_arrow Live
arrow_back_ios

Album vun der Woch

100komma7.lu / Album vun der Woch

/ Calexico - The Threat That Keeps Us

Calexico - The Threat That Keeps Us

Nach steet tëscht der Calexico-Heemecht Tucson an hirem südlechen Ëmfeld keng Mauer. Eng Waff - eng musikalesch - fir si z'iwwerwannen awer huet d'Band aus Arizona scho laang. Wann de Jakob Valenzuela an de Martin Wenk hir Trompetten an den Akkordeon eraushuelen, da läit de Mariacchi-Rhythmus an der Loft, d'Noute schwiewe wéi d'Vigelcher iwwert den Zonk an aner Obstakele jäize no der Gittar vun Joey Burns a Jairo Zavala, de Perkussioune vum John Convertino ... an och de Scott Colberg an de Sergio Mendoza si mat Läif a Séil resp. Bass a Keyboard derbäi ... an dat ass och um neie Calexico-Album "The Threat That Keeps Up" de Fall.

Manner uniform wéi gewinnt

Allerdéngs ass d'Kombinatioun aus den US-Gringoen an den Texmex-Vertrieder net onbedéngt just op ee Stil festgeluecht - e puer Täkt Mexiko si wuel ëmmer derbäi bei Calexico, mä um neien Album awer wierklech just e puer, erstaunlech wéineg, dofir variéiere si dann d'Palett vun der Offer ganz schéin. Do ass de méi rouegen desert Sound deen um Burns seng Vergaangenheet beim Howe Gelb an Giant Sand erënnert, et rockt meeschtens éischter gemittlech a Richtung Indie mat liicht séilegen Hippietouch, et rompelt liicht op "Eyes Wide Awake", e puer Täkt World mësche sech drënner, bei "Flores y Tamales" si si an enger Cumbia op der anerer Säit vun der Grenz ... an esouguer e klenge Reggae-Trip inklusiv Beatbox fënnt een um Album, deen op der erweiderter Editioun siwe Bonustracks ubitt - dat ass vill Musek, hei hätt ee kënne straffen, an deen een oder anere Fëller ewechloossen.

En Haaptargument fir den neien Album: "The Threat That Keeps Us" ass manner uniform wéi fréier Calexico-Produktiounen, proposéiert méi Ofwiesslung, och wann dat heiansdo zimlech queesch duerch de Gaart geet. Trotzdeem erkennt een d'Band ëmmer erëm - eng Evolutioun, déi gutt deet.

E Lidd fir den Donald

Mä Calexico ass méi wéi de Soundtrack, deen ee mathëlt fir e Cinémascope-Ofstiecher ënnen an de Südweste vun de States. Calexico sinn och politesch, ouni sech als Politband ze verstoen, sange vum Alldag, dee schonns emol méi roueg an harmonesch war bei hinnen, weisen op Mëssstänn a Geforen hin - "The Threat", d'Bedrohung am Albumtitel, an dediéieren esou de Song "Dead In The Water" hirem President, dee fir si d'Leit net zesummen, mä auserneebréngt.

De Fuedem fir alles zesummenzehalen, wat am Moment an deemnächst riskéiert a Stécker ze zerfalen? Den Joey Burns seet d'Léift an d'Musek. Richteg héieren, Léift a Musek fir Mënschen zesummenzebréngen: Wien haut - net nëmmen an den USA - esou Saache seet, deen ass wahrscheinlech onheemlech naiv an idealistesch a passt dann och bei dat onbeschwéiert Landschaftsbild, dat um Cover vun dësem neie Calexico-Release figuréiert. Ech géif soen, den Joey Burns ass ganz einfach en onstabilt Genie, dat zesumme mat senge Bandkollegen Nouten a Wierder iwwert all Grenzen a Mauere vun dëser Welt fléie léisst ... a kee ka si ophalen. Muy bien, hombre!

And the winner is ...

A wa mir scho bei Trompetten an enger Mauer sinn - wann ech mech richteg erënneren, gouf esou eng Geschicht schonn emol viru ganz ville Jore geschriwwen, net a Mexiko mä zu Jericho. Ob si elo historesch bewisen oder just fiktiv ass, sief emol dohigestallt. Fest steet, datt d'Resultat beim Joshua - Kapitel sechs, wann Dir gär noliest - a bei Calexico dat selwecht ass: D'Trompetten hu gewonnen.

Episoden

Et bleift alles anescht

Ka Popmusek eng Zort Trauerbewältegung sinn? Jo, mengt de britteschen Trio Pale Blue Eyes op sengem neien Album "This House“.
headphones

8 min

play_arrow
Méi wéi Léift

Méi wéi Léift

"Haunted Mountain" ass dem amerikanesche Museker Buck Meek seng drëtt Soloplack.
headphones

7 min

play_arrow

Erregung Öffentlicher Erregung - Speisekammer des Weltendes

Mat cleveren Texter an engem Sound tëschent Krautrock, Punk an NDW gëtt d'Enn vun der Welt vertount.
headphones

7 min

play_arrow

Jiddweree stierft, wat gëtt et ze verstoppen?

Dem Bonnie Prince Billy säi 26. Studioalbum fänkt u mat engem Song, dee "Like It Or Not" heescht. Déi éischt Zeil ass Programm, esou wéi et ëmmer vu gudde Romaner gesot gëtt ...

Jiddweree stierft, wat gëtt et ze verstoppen?

Dem Bonnie Prince Billy säi 26. Studioalbum fänkt u mat engem Song, dee "Like It Or Not" heescht. Déi éischt Zeil ass Programm, esou wéi et ëmmer vu gudde Romaner gesot gëtt ...

Jessy Lanza - Love Hallucination

Mat hirem véierten Album wot déi kanadesch Musekerin e couragéise Sprong a presentéiert een eklektesche Mix a beweist, datt si sech net esou einfach kategoriséieren léisst.

Jessy Lanza - Love Hallucination

Mat hirem véierten Album wot déi kanadesch Musekerin e couragéise Sprong a presentéiert een eklektesche Mix a beweist, datt si sech net esou einfach kategoriséieren léisst.

Ee Sonnestral

Fir Girl Ray, dräi geschéckt a gewëtzte Musekerinnen aus der brittescher Haaptstad, geet de Spaass eréischt un. Hir drëtt Plack "Prestige" ass ee Pop-Bijou.

E musikalesche Millefeuille

Wéi wa Radiohead géif d'Beatles begéinen: esou kléngt de britteschen Trio The Clientele op sengem neien Album "I Am Not There Anymore".

Geschichten aus der Liewensmëtt

D'Britpop Legende Blur maachen aus hirem néngten Album een Understatement-Monster. De Sound: klassesch, prezis. D'Melodien: déi matrappen. D'Texter: Geschichten aus der Liewensmëtt

Geschichten aus der Liewensmëtt

D'Britpop Legende Blur maachen aus hirem néngten Album een Understatement-Monster. De Sound: klassesch, prezis. D'Melodien: déi matrappen. D'Texter: Geschichten aus der Liewensmëtt
headphones

9 min

play_arrow

E klenge groussen Album

Mat "Slugs of Love" geléngt et der schweedescher Band Little Dragon en Album erauszebréngen, dee souwuel ofwiesslungsräich wéi homogen ass.
headphones

7 min

play_arrow

E klenge groussen Album

Mat "Slugs of Love" geléngt et der schweedescher Band Little Dragon en Album erauszebréngen, dee souwuel ofwiesslungsräich wéi homogen ass.
headphones

7 min

play_arrow

Push / Pull - Zéi mech, dréck mech

Mat hirem Debut "Good At Falling" huet d'Brittin Amber Bain, bekannt ënnert dem Pseudonym The Japanese House, 2019 international een Numm fir sech gemaach.
headphones

7 min

play_arrow

Push / Pull - Zéi mech, dréck mech

Mat hirem Debut "Good At Falling" huet d'Brittin Amber Bain, bekannt ënnert dem Pseudonym The Japanese House, 2019 international een Numm fir sech gemaach.
headphones

7 min

play_arrow

All-or-Nothing oder Repetitioun?

Den Indierockduo Wye Oak ass zeréck mat "Every Day Like the Last".
headphones

5 min

play_arrow

All-or-Nothing oder Repetitioun?

Den Indierockduo Wye Oak ass zeréck mat "Every Day Like the Last".
headphones

5 min

play_arrow

Vu Schicksalsschléi an elektronesche Beats

Mat akusteschem Folk huet de Ben Howard seng Karriär ugefaangen - op sengem fënneften Album "Is It?" iwwerzeegt hie mat elektronesche Kläng.
headphones

10 min

play_arrow

Elektronik mat Gesiicht

Dee britteschen Elektronik-Produzent Clark ass keen neien an der Zeen.
headphones

9 min

play_arrow

Elektronik mat Gesiicht

Dee britteschen Elektronik-Produzent Clark ass keen neien an der Zeen.
headphones

9 min

play_arrow