Radioen

On air

Notturno  |  Jim James - In The Moment

play_arrow Live
arrow_back_ios

Album vun der Woch

100komma7.lu / Album vun der Woch

/ Calexico - The Threat That Keeps Us

Calexico - The Threat That Keeps Us

Nach steet tëscht der Calexico-Heemecht Tucson an hirem südlechen Ëmfeld keng Mauer. Eng Waff - eng musikalesch - fir si z'iwwerwannen awer huet d'Band aus Arizona scho laang. Wann de Jakob Valenzuela an de Martin Wenk hir Trompetten an den Akkordeon eraushuelen, da läit de Mariacchi-Rhythmus an der Loft, d'Noute schwiewe wéi d'Vigelcher iwwert den Zonk an aner Obstakele jäize no der Gittar vun Joey Burns a Jairo Zavala, de Perkussioune vum John Convertino ... an och de Scott Colberg an de Sergio Mendoza si mat Läif a Séil resp. Bass a Keyboard derbäi ... an dat ass och um neie Calexico-Album "The Threat That Keeps Up" de Fall.

Manner uniform wéi gewinnt

Allerdéngs ass d'Kombinatioun aus den US-Gringoen an den Texmex-Vertrieder net onbedéngt just op ee Stil festgeluecht - e puer Täkt Mexiko si wuel ëmmer derbäi bei Calexico, mä um neien Album awer wierklech just e puer, erstaunlech wéineg, dofir variéiere si dann d'Palett vun der Offer ganz schéin. Do ass de méi rouegen desert Sound deen um Burns seng Vergaangenheet beim Howe Gelb an Giant Sand erënnert, et rockt meeschtens éischter gemittlech a Richtung Indie mat liicht séilegen Hippietouch, et rompelt liicht op "Eyes Wide Awake", e puer Täkt World mësche sech drënner, bei "Flores y Tamales" si si an enger Cumbia op der anerer Säit vun der Grenz ... an esouguer e klenge Reggae-Trip inklusiv Beatbox fënnt een um Album, deen op der erweiderter Editioun siwe Bonustracks ubitt - dat ass vill Musek, hei hätt ee kënne straffen, an deen een oder anere Fëller ewechloossen.

En Haaptargument fir den neien Album: "The Threat That Keeps Us" ass manner uniform wéi fréier Calexico-Produktiounen, proposéiert méi Ofwiesslung, och wann dat heiansdo zimlech queesch duerch de Gaart geet. Trotzdeem erkennt een d'Band ëmmer erëm - eng Evolutioun, déi gutt deet.

E Lidd fir den Donald

Mä Calexico ass méi wéi de Soundtrack, deen ee mathëlt fir e Cinémascope-Ofstiecher ënnen an de Südweste vun de States. Calexico sinn och politesch, ouni sech als Politband ze verstoen, sange vum Alldag, dee schonns emol méi roueg an harmonesch war bei hinnen, weisen op Mëssstänn a Geforen hin - "The Threat", d'Bedrohung am Albumtitel, an dediéieren esou de Song "Dead In The Water" hirem President, dee fir si d'Leit net zesummen, mä auserneebréngt.

De Fuedem fir alles zesummenzehalen, wat am Moment an deemnächst riskéiert a Stécker ze zerfalen? Den Joey Burns seet d'Léift an d'Musek. Richteg héieren, Léift a Musek fir Mënschen zesummenzebréngen: Wien haut - net nëmmen an den USA - esou Saache seet, deen ass wahrscheinlech onheemlech naiv an idealistesch a passt dann och bei dat onbeschwéiert Landschaftsbild, dat um Cover vun dësem neie Calexico-Release figuréiert. Ech géif soen, den Joey Burns ass ganz einfach en onstabilt Genie, dat zesumme mat senge Bandkollegen Nouten a Wierder iwwert all Grenzen a Mauere vun dëser Welt fléie léisst ... a kee ka si ophalen. Muy bien, hombre!

And the winner is ...

A wa mir scho bei Trompetten an enger Mauer sinn - wann ech mech richteg erënneren, gouf esou eng Geschicht schonn emol viru ganz ville Jore geschriwwen, net a Mexiko mä zu Jericho. Ob si elo historesch bewisen oder just fiktiv ass, sief emol dohigestallt. Fest steet, datt d'Resultat beim Joshua - Kapitel sechs, wann Dir gär noliest - a bei Calexico dat selwecht ass: D'Trompetten hu gewonnen.

Episoden

Laetitia Sadier - Rooting For Love

Laetitia Sadier - Rooting For Love

Mat hirem neie Soloalbum “Rooting for Love” setzt d’Stereolab-Frontfra en Zeeche géint Krisen a Verzweiwlung. Tëschent jazzege Beats a verdréite Synthesizer beweist d’Musekerin wéi duuss Widderstand ka sinn. 
headphones

9 min

play_arrow
Brittany Howard - What Now

Brittany Howard - What Now

De Solodebut viru fënnef Joer war beréierend, a méi souleg wéi hir Produktioune mat den Alabama Shakes. “What Now”, der Brittany Howard hir Zweet, huet manner staark Songs, mee iwwerzeegt als Ganzt ëmsou méi.
headphones

2 min

play_arrow
The Last Dinner Party - Prelude To Ecstasy

The Last Dinner Party - Prelude To Ecstasy

Op hirem Debut "Prelude To Ecstasy" laut déi brittesch Band The Last Dinner Party de Revival vum Classic Rock an.
headphones

11 min

play_arrow
Torres: What an Enormous Room

Torres: What an Enormous Room

Déi amerikanesch Musekerin hëlt sech de ganzen Espace op hirer sechster Studioplack, déi a Partnerschaft mat der Sarah Jaffe produzéiert ass.
headphones

4 min

play_arrow
Tapir! - The Pilgrim, Their God and the King of my Decrepit Mountain

Tapir! - The Pilgrim, Their God and the King of my Decrepit Mountain

Alternative Folk trëfft op eng skurril Fantasiewelt: den Debut vun der brittescher Formatioun Tapir! ass eng Aventure an dräi Akten.
headphones

7 min

play_arrow
Gruff Rhys - Sadness Sets Me Free

Gruff Rhys - Sadness Sets Me Free

Mat de Super Furry Animals gouf de Gruff Rhys bekannt, op sengem Album "Sadness Sets Me Free“ begeeschtert hie mat grousser Singer-Songschreiwer-Konscht.
headphones

9 min

play_arrow
Bill Ryder-Jones - Iechyd Da | © Domino Records

Bill Ryder-Jones - Iechyd Da

Op d’Gesondheet
headphones

4 min

play_arrow
Various Artists - Moping in Style, a tribute to Adam Green

Various Artists - Moping in Style, a tribute to Adam Green

Op engem iwwerraschenden an ofwiesslungsräichen Tribute-Album vernäipt sech d'Indie-Zeen virum amerikanesche Songschreiwer Adam Green.
headphones

14 min

play_arrow
Jonathan Rado - For Who The Bell Tolls For | © Caitlin Ison / Wikimedia Commons

Jonathan Rado - For Who The Bell Tolls For

De kaliforneschen Indierocker Jonathan Rado presentéiert säin drëtte Soloalbum, dee sech tëschent Begriefnis an Ekstas beweegt an duerch eng breet Klangpalette iwwerzeegt.
headphones

10 min

play_arrow
Odd Beholder - Feel Better

Odd Beholder - Feel Better

D‘Daniela Weinmann verwandelt op hirem neie Wierk Trauer a Musek a kuckt hanner d‘Kulisse vun enger Schwäizer Provënzstad.
headphones

5 min

play_arrow
Samatha Lindo - Ancestry

Samatha Lindo - Ancestry

Eng Bréck bauen iwwer de Migratiounshannergrond
headphones

6 min

play_arrow
Meagre Martin - Gut Punch

Meagre Martin - Gut Punch

Aus dem Berliner Exil eraus séngt déi amerikanesch Band Meagre Martin iwwer hir al Heemecht, d’USA. “Gut Punch” heescht den Debut-Album.
headphones

10 min

play_arrow
Beirut - "Hadsel"

Beirut - "Hadsel"

Sakral Téin vun enger Uergel verschmëlze mat elektroneschen Drums a Synthesizer. Ee Sprong tëschent nei an al, deen net nëmmen op musikaleschem Niveau geléngt.
headphones

5 min

play_arrow
ML Buch - Suntub

ML Buch - Suntub

Iergendwou tëschent Joni Mitchell, 90s Rock an Avant-Pop: “Suntub” vun der ML Buch iwwerzeegt duerch subtil Komplexitéit.
headphones

10 min

play_arrow
Black Pumas - "Chronicles of a Diamond"

Black Pumas - "Chronicles of a Diamond"

Op der neier Plack, déi souzesoen een zweeten Debut ass, dréit sech erëm alles ëm Soulmusek. Mee d’Songs sinn dës Kéier ee gutt Stéck méi eegen.
headphones

7 min

play_arrow
Meernaa - So Far So Good

Meernaa - So Far So Good

“So Far So Good” ass den Ausdrock vun der Lässegkeet, déi dësen Album duerchzitt. Neosoul trëfft hei op Dreampop an Indiefolk. Verdreemte Lyrics op gebrachen Häerzer.
headphones

10 min

play_arrow
Jamila Woods - Water Made Us

Jamila Woods - Water Made Us

Op hirem drëtten Album "Water Made Us" iwwerzeegt déi amerikanesch Musekerin Jamila Woods mat Introspektioun, déi groovt.
headphones

11 min

play_arrow
Braake - Kann ja alles sein | © Rebecca Krämer

Braake - Kann ja alles sein

Dës Schoulkolleege vu Berlin kommen op hirem Debut eng däischter Niewestrooss vum däitsche Pop erofgelaf ... a ginn dobäi net op d’Sabbel.
headphones

8 min

play_arrow
Häerzerwiermend a gespenstesch

Häerzerwiermend a gespenstesch

“Flying Wig” ass de mëttlerweil eeleften Studioalbum vum Singer-Songwriter Devendra Banhart, an op dësem presentéiert hie sech nees gewinnt verspillt a verdreemt.
headphones

7 min

play_arrow

Mitski - The Land Is Inhospitble And So Are We (Dead Oceans)

Radikal Léift
headphones

1 min

play_arrow