arrow_back_ios
Blue Note
Lincoln Center Jazz Orchestra
Den 23. an de 24. Februar spillt de Lincoln Center Jazz Orchestra zwee Concerten an der Philharmonie, ënnert der Leedung vum Trompettist Wynton Marsalis, dee selwer och matspillt an d'Bigband aus dem Pak eraus dirigéiert. De Jitz Jeitz stellt dësen aussergewéinlechen Jazzklangkierper vir.