Konferenzen
The way out (2. Deel)
Den internationale Colloque vum 24.-26. Januar iwwert d'Flucht aus Nazi-Däitschland hat sech mat de Mikrogeschichten iwwer d'Flucht aus Nazi-Däitschland an der 1930er Joren a während dem Krich, aus verschidde Perspektiven, auserneegesat. Heibäi goufen déi perséinlech Schicksaler op eng nei Manéier suivéiert an d'Aart a Weis ënnersicht, wéi d'Relatiounen tëscht de jiddesche Migranten an de staatlechen Administratioune waren. Individuell Experienze kennen esou an ee méi breede sozialen a politeschem Kontext gestallt ginn. Dës Approche ass een Deel vun engem groussen historiographeschen Trend, der Mikrogeschicht.
De radio 100,7 huet déi verschidde Virträg vum Colloque aus Lëtzebuerger Siicht beliicht. Deen éischten Deel gouf den 4. Februar 2018 diffuséiert.
Den zweeten Deel behandelt dës Themen:
- Die NS Arbeitsverwaltung holt die Geflüchteten und Emigranten ein - Verfolgung, Zwangsarbeit und Entschädigung am Beispiel Luxemburg, vum Wolfgang Schmitt-Koelzer (Emil-Frank Institut, Universität Trier).
- L'administration du chaos: Le rôle d'Albert Nussbaum dans l'organisation de la route d'évacuation de Lisbonne, août 1940 - mars 1942, vum Historiker Vincent Artuso (C²DH).
Wolfgang Schmitt-Koelzer (Emil-Frank Institut, Universität Trier) ©Université du Luxembourg
Vincent Artuso (C²DH) ©Université du Luxembourg
De Colloque gouf ënnert anerem organiséiert vum Luxembourg Center for Contempary and Digital History (C²DH) vun der Uni Lëtzebuerg, opgeholl a verschafft vum Carlo Link.