arrow_back_ios
Kultur
Ian de Tofoli an d'Auteursresidenz zu Berlin
Den Auteur a Linguist op der Uni Lëtzebuerg Ian De Tofoli ass vun engem Jury als Auteur en Résidence um Literaresche Colloquium Berlin nominéiert ginn. Tëscht dem hallwe September an dem hallwen November dëst Joer huet de Ian De Tofoli elo d'Méiglechkeet, sech zwee Méint laang exklusiv op säi literaresche Projet ze konzentréieren. De Projet wéinst deem de Lëtzebuerger Auteur geholl gouf, baséiert op kuerz fiktiv historesch Biografien. Explikatioune Jean Claude Majerus.