arrow_back_ios
Klassik aktuell
Auskomponéierte Bauchwéi
Haut (7.2.2018) bréngt de Kölner Kammerorchester dem Joseph Haydn seng Oper "Lo Speziale" am Centre des Arts Pluriels zu Ettelbréck op d'Bühn. Am Wierk ënnersträicht den Orchester musikalesch, wéi e Personnage op der Bühn Bauchwéi huet - just ee vu ville witzege Passagen aus dëser Opera Buffa. Mä trotz allem Witz, verléiert d'Oper net un Déift, wéi den Dirigent vum Kölner Kammerorchester Jan Willem de Vriend dem Luc Boentges verroden huet.