arrow_back_ios
Klassik aktuell
The Director's Classical Cut
D'Liewe vu Komponisten, Intrigen a Rumeure sinn Inspiratiounsquelle fir vill Filmregisseuren. Op Mozart am "Amadeus" oder Beethoven an "My immortal beloved", all Regisseur sicht en Ophänkert, fir e Komponist op den Ecran ze bréngen. Mä wat ass Fiktioun a wat ass Realitéit. An der neier Serie "The Director's Classical Cut" beliicht de Manuel Ribeiro verschidden Aspekter vun dëse Kinos- resp. TV-Filmer.