arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Franco Avena a Claire Geier-Courquin
De Conseil national pour étrangers (CNE) war, wéinst interne Problemer, e puer Joer an der Versenkung verschwonnen. Weder an der Referendums-Campagne, nach an der Diskussioun ronderëm d'Reform vum Nationalitéitegesetz huet een d'Stëmm vum Auslännerrot héieren. Elo wëllt de Gremium en neien Ulaf huelen: de Maurice Molitor schwätzt doriwwer mam President Franco Avena a mat der Vize-Presidentin Claire Geier-Courquin.