Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Astrid Sonne - Say You Love Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

Release vun der Woch: Visigoth - Conqueror's Oath (8,5/10)

Et gëtt d'Band nach net allzelaang, viru knapp 3 Joer hu si hiren Debutalbum erausbruecht; déi amerikanesch Heavy Metal Band Visigoth, déi d'Rad definitiv net nei erfonnt huet, mä déi amplaz hir Idoler an hir Inspiratioun ganz kloer an hirer Musek erëmspigelen. Déi nächst Woch, den 9. Februar bréngt d'Band aus dem Bundesstaat Utah den Nofolger Conqueror's Oath eraus.

An dat éischt, wat engem opfält ass, dass d'Lidder all vill méi kuerz sinn, wéi nach op hirem 2015er Album The Revenant King. Am ganzen huet den Album eng 20 Minutte manner an et si just 3 Lidder um Album, déi méi laang si wéi 6 Minutten. De Rescht läit alles tëscht 3 a 5 Minutten.

Do kéint een natierlech den Androck kréien, dass sech d'Band net méi sou vill Méi gemaach huet, oder dass se einfach méi séier wollte schaffen, ma de Géigendeel ass de Fall: Wann ee bis eralauschtert, mierkt een, dass d'Band vill méi fokusséiert ass, wéi um Debutalbum. Wat Visigoth u Längt gespuert hunn, hu se mat Energie, Tempo a catchy Refrainen nees guttgemaach.

Et hëlleft natierlech, dass de Quintett och hiren epesche Sound bäibehalen hunn, deen zum groussen Deel duerch dem Sänger Jake Rogers seng Baritone Vocals entsteet, virun allem wann d'Gesangspuren op Stécker wéi Warrior Queen oder Blades in the Night openee getesselt ginn.



Ma och de Rescht vun der Band beweist exzellent musikalescht Kënnen, mat hiren tighte Rhythmussen a mat der schéiner wanterlecher Atmosphär, déi wonnerbar bei den Artwork passt, deen d'Band sech erausgesicht huet.

Duerch den Tempo an déi kontinuéierlech Action, déi Visigoth um neien Album bidden, riskéieren d'Lidder net grad esou e prägenden Androck ze hannerloossen, wéi se kéinten, ma och do weess d'Band gekonnt bei all Lidd mat distinktiven Hooks entgéintzewierken.

Fir en Album, vun deem een initial mengt, e wéilt net besser si wéi säi Virgänger, ass awer genau dat. D'Gläichgewiicht tëscht Spaass a Fokus ass aussergewéinlech gutt gelongen, d'Catchiness verhënnert, dass dat ganzt ze vill serieux geholl gëtt an dass et am Kapp bleift an den epesche Sound mécht de Rescht.

Playlist

Entombed - Revel In Flesh

Megadeth - Lying in State

An Evening With Knives - Come Undone

WASP - Chainsaw Charlie

F.K.Ü. - Hell Night

Trouble Agency - Survival Of The Fittest

Visigoth - Steel And Silver

Accuser - Catacombs

Twitching Tongues - Harakiri

Arch Enemy - Bridge Of Destiny

Cradle Of Filth - Desire In Violent Ouverture

Episoden