Invité:e vum Dag
Pierre Mellina
De Péitenger Buergermeeschter Pierre Mellina ass dee neie President vum TICE, dem interkommunale Syndikat fir den ëffentlechen Transport am Kanton Esch. Den TICE beschäftegt 413 Persounen, dorënner 330 Buschaufferen. 131 Bussen assuréiere während dem Dag an de Weekend och Nuets den ëffentlechen Transport an de Gemengen Esch, Schëffleng, Péiteng, Déifferdeng, Diddeleng, Suessem, Rëmeleng a Käerjeng. Och Monnerech gëtt vum TICE couvréiert, mee d'Gemeng ass net Member vum interkommunale Syndikat. Iwwerdeems assuréiert den TICE de Schülertransport.