Radioen

On air

Sot Emol  |  Dominique Santana: Konscht a Geschicht

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Shadowhispers & Memoriam

Shadowhispers & Memoriam

Shadowhispers

D'Band, déi dës Kéier fir den Interview bei mir am Studio ass, ass iergendwéi nei an och iergendwéi net. Eigentlech gëtt et se nämlech schonn zënter 2009, ma si hunn dëst Joer réischt hir Debut-EP erausbruecht. Si sinn am Fong, souwäit ech richteg informéiert sinn, eng vu just zwou Symphonic Metal Bands zu Lëtzebuerg, nämlech Shadowhispers.

Release vun der Woch: Memoriam - For The Fallen (7/10)

Wéi den Drummer vu Bolt Thrower Martin Kearns 2015 am jonke Alter vun 38 Joer onerwaart gestuerwen ass, war am Ufank net kloer, wéi et mat Bolt Thrower géif weider goen. Ee Joer drop huet d'Kult-Death Metal Band aus England du bekannt ginn, dass een ouni de Kiddie net kéint weider maachen. Mä wéi dat ebe bei deene meeschte Museker ass, et ass schwéier fir einfach opzehale Musek ze maachen. A sou ass et komm, dass de Sänger Karl Willets sech mam éischten Drummer vu Bolt Thrower, dem Andrew Whale a mat Kollegen aus Benediction a Sacrilege zesummegedo huet fir hirem verstuerwene Kolleg an der eenzeg richteger Manéier ze gedenken, nämlech andeems si zesumme Musek maachen, dat awer net ënnert dem Numm Bolt Thrower, mä ënnert engem neien Numm Memoriam.

Wie Bolt Thrower kennt an ze schätze weess, wäEert frou sinn iwwert dat wat Memoriam op hirem Debutalbum liwweren, dee sech "To The Fallen" nennt an d'lescht Woch bei Nuclear Blast erauskomm ass: Groovegen an doomegen Death, dee rockt! Sou wéi eben och Bolt Thrower dat gemaach hunn.

Den Titaltrack mécht den Optakt vun der Scheif mat enger cooler an ugespaanter Atmosphär, déi um Enn iwwert de ganzen Album bäibehale gëtt. E simplisteschen awer richteg coole Riff gëtt dobäi de Rhythmus vir, esou wéi een dat och fréier bei Bolt Thrower kannt huet.



Och Lidder wéi War Rages On oder Resistance behalen dëse System vun den einfachen a gäile Riffer an déi Atmosphär bäi, woubäi dat zweet den Doom Touch erhéicht an de ganze Song richteg schéi makaber, kräfteg an heavy kléngt.

Sief et lo d'Einfachheet vun de rockege Stécker, d'Doom Elementer wéi a Reduced To Zero, déi séier an energetesch Momenter wéi am Stéck Corrupted System, wat deels esouguer bësse punkeg eriwwer kënnt, oder awer d'Aggressivitéit vu Flatline oder Surrounded By Death, all Lidd op To The Fallen huet eppes ze bidden. Dobäi gëtt nieft der Atmosphär och e liicht depressiven Touch bäibehalen, duerch deen een d'Gefill kritt, dass si mat dëser Scheif defintiv de Verloscht vun hirem verstuerwene Kolleg verschaffen.

En Héichpunkt vun dëses Depressivitéit fënnt een am Schlusslidd vum Album Last Words. Den Track baut sech lues a lues op a gëtt schlussendlech zum epeschen Highlight vum Album.

For The Fallen ass domat e staarken Death Metal Album à la Bolt Thrower, op deem et vu vir bis hanne wéineg Héichpunkter gëtt, ma dofir geet et ëmmer virun an déi Héichpunkten déi do sinn, hunn et och a sech..

Playlist

In Flames - Dead God In Me

Amorphis - Bad Blood

Shadowhispers - A Knight's Tale

Kynesis - Tentazione

Body Count - Black Hoodie

The Acacia Strain - Bitter Pill

Memoriam - Resistance

Harlott - Whore

Shadowhispers - Queen Of Babylon

Amon Amarth -

Episoden