Radioen

On air

Sot Emol  |  Dominique Santana: Konscht a Geschicht

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Children Of Bodom & Warbringer

Children Of Bodom & Warbringer

Children Of Bodom

Am Metal Meltdown hu mer des Kéier souzesoe grousse Besuch. Et ass wuel déi erfollegräichst finnesch Metal Band vun allen Zäiten, déi virun 20 Joer mat hirem Album Something Wild e Meilesteen am Melodic Death Metal gesat huet, virun allem duerch hiren Asaz vun der Uergel an den neoklasseschen Elementer. Children of Bodom si jo grad op hirer 20th anniversary Tour a ware virun e puer Wochen och zu Lëtzebuerg am atelier a virun hirem Concert hat ech d'Geleeënheet mam Frontmann Alexi Laiho ze schwätzen.

Release vun der Woch: Warbringer - Woe To The Vanquished (7,5/10)

Am Laf vun hirer Carrière hunn d'Thrasher vu Warbringer hire Sound ëmmer nees ugepasst fir dem Genre, an deem si ënnerwee sinn, gerecht ze ginn an hu sech dobäi vu quasi all de groussen Nimm beaflosse gelooss ouni awer wierklech no hinnen ze kléngen. Dat huet bis elo extrem gutt geklappt an huet an der Band hirem leschten Album IV: Empires Collapse hiren Héichpunkt fonnt.

Hiren neisten Album Woe To The Vanquished, deen d'lescht Woch bei Napalm Records erauskomm ass, wierkt dogéint bësse wéi e Réckschlag am Verglach zu hirem virëschte Wierk, a bitt engem eng vill méi rau, réi an aggressiv Erfahrung, bësse sou wéi fréier, hunn awer och e puer stilistesch Verännerunge mat agepak.

Den Opener Silhouettes ass net wierklech iwwerraschend, ma et ass e rengen Thrash Titel mat all de Markenzeechen, déi de Genre ze bidden huet. D'Riffer si wëll an ugrëffeg, et gëtt gäil Harmonien an d'Vocals rau, grell a rasend, bref, d'Stéck ass e Paradebeispill fir der Band hire Sound.

Highlight vum Album ass definitiv dat mächtegt Stéck Remain Violent, dat mat senger positiver, scho quasi frëndlecher Gewalt sou vill Spaass mécht wéi et quasi just am Thrash méiglech ass an an deem dem Frontmann John Kevill seng Vocals extrem efficace sinn.



Den Titel Spectral Asylum rockt an engem bësse méi atmosphäreschen an onheemleche Stil an ass vu Black an Death Metal beaflosst, ganz am Géigesaz zum räissereschen, duerch d'Blastbeats an dem Tremolo Riffing awer nach ëmmer zimlech blackegen Divinitiy Of Flesh.

Ofgeschloss gëtt den Album vum epeschen 11-Minutte-laangen When The Guns Fell Silent, an deem den Album - ganz am Géigesaz zum Opener - an eng iwwerraschend aner Richtung geet. Et ass e Mix aus Black - a Post Metal, deen dacks an engem bedreeënde mid-tempo Grind ënnerwee ass, wat dem Sänger vill Geleeënheet gëtt, seng Vocals an d'Längt ze zéien. Grad esou ass et awer och fir den Adam Carroll an den Chase Becker eng gutt Geleeënheet, hiert Grëffbriet nach op aner Aart a Weisen auszeschöpfen, andeems si gäil Black Metal Riffer schrubben an interessant Leads nuddelen

Sou interessant wéi dat Lidd och ass, sou ass et dach e Problem, dass dëst Stéck quasi ee Véierel vun der Gesamtlängt ausmécht a sou de Flow vum Album dach bësse bremst

Am Endeffekt kann ee soen, dass Woe To The Vanquished méi heavy ass wéi säi Virgänger, insgesamt ass en manner konsistent an huet och manner Impakt.

Playlist

Suicidal Tendencies - You Can't Brind Me Down

Trial - Juxtaposed

Children of Bodom - Needled 24/7

God Dethroned - On The Wrong Side Of The Wire

X Ryder - Redemption

Kampfar - Mylder

Warbringer - Remain Violent

Below - 1000 Broken Bones

Sleepers' Guil - Two Words

Kitshickers - Rise

Episoden