Radioen

On air

De Moien  |  Seed To Tree - Major Lydian

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Charity Mosh & Body Count

Charity Mosh & Body Count

Charity Mosh

EMF, also d'Éisleker Metal Frënn organiséieren dëst Joer nees e Benefiz Concert, nämlech den Charity Mosh, den 29. Abrëll, an dat am Soundcheck zu Mäerzeg. D'lescht Joer gouf et well Metal vs Cancer, wat en ähnlecht Konzept hat. Generell bleift d'Formel déi selwecht, ma et gëtt awer déi eng oder aner Ännerung. Wéi eng dat sinn, verréit eis am Interview de Patrick Schaul.

Release vun der Woch: Body Count - Bloodlust (7,5/10)

Dräi Joer ass de leschte Body Count Album al, an elo ass nees Zäit fir Body Count, nees e puer Wuert iwwert déi aktuell Welt ze verléieren. D'Band ronderëm den Hip Hopper Ice-T ass nees zréck mat engem fonkelneien Album Bloodlust. A wie Body Count kennt, dee weess, dass d'Band normalerweis e Message un de Mann wëll bréngen, dat mat engem heavy, aggressive Mix aus Thrashcore a Rap. A wie bësse matkritt, wat an der Welt an an den USA sou lass ass, dee weess, dass Body Count nees genuch Material fir hire Message hunn.

Den Album fänkt u mam Titel "Civil War", mam Dave Mustaine senger Stëmm, déi iwwert dem Sound vun enger Siren erkläert, dass dat sougenanntent Martial Law wäert a Kraaft trieden, also, dass d'Arméi wäert d'Kontroll iwwert déi 3 Pouvoiren iwwerhuelen. An deem ganz staarken Track geet et ëm Rassenhaass, Trennung vu Klassen Police-Gewalt an d'Roll vun der Press a vun der Politik, déi hir Aarbecht net korrekt mécht.. A wann d'Lidd grad säin Héichpunkt erreecht, fänkt den Ernie C. mat senger rauer Gittarsaarbecht un, déi de Moshpit garantéiert wäert an Ekstas dreiwen

Vun do aus geet et weider bei déi aktuell Single No Lives Matter, e gewaltege Song, an deem den Ice-T op d'Problematik vun der Police-gewalt géint Schwaarzer an den USA opmierksam mécht, dobäi awer e Schrëtt méi wäit geet an d'Ongerechtegkeet géintiwwer alle Minoritéiten uschwätzt. Et gëtt deemno genuch Material um Album fir rosen ze ginn an d'Band bréngt dat net nëmmen duerch d'Texter eriwwer, mä och duerch déi brutal heaviness an der Musek.



The Ski Mask Way warnt déi Neiräich, déi an de soziale Medie prolle virdrun, dass si sech liicht zu engem Affer maachen, Black Hoodie daucht nach emol an d'Police-Gewalt op Grond vun der Rass an. Een Héichpunkt erlieft den Album awer wuel mat This Is Why We Ride, een emotionalen, relativ réien Track iwwert sënnlos Gewalt tëscht Stroossegangs; en Thema iwwert dat den Ice-T wuel genuch eegen Erfahrung dierft gesammelt hunn, fir credibel doriwwer kënnen ze sangen:

Nieft dem dave Mustaine gëtt et mam Max Cavalera oder mam Randy Blythe och nach aner héichkaräteg Gaaschtmuseker, déi bei All Love Is Lost, respektiv bei Here I Go Again ganz perséinlech ginn

Interessanten Track ass mat Sécherheet och de Cover vu Slayer hirem Kultsong Raining Blood; déi Band, deeren hiren Afloss dem Ice-T no, mat verantwortlech dofir war, dass Body Count iwwerhaapt gegrënnt gouf.

Mat Bloodlust komme Body Count eriwwer wéi d'Band, déi genee zur richteger Zäit de Mond opgedoen huet, an hire Message op de Punkt bruecht huet.

Playlist

Dio - Holy Diver

Sister - Endangered Species

Cripper - Faqu

Varg - Götterdämmerung

Ironborn - The Curse

Warbringer - Silhouettes

Body Count - Bloodlust

X- Ryder - Dead End

Lost in Pain - Greed

Carnifex - Slow Death

Episoden