Radioen

On air

Sot Emol  |  Dominique Santana: Konscht a Geschicht

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Dead Sinners & Obituary

Dead Sinners & Obituary

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Dead Sinners (fka Porn Queen)

Haut an 8 Deeg (14.05.2017) bréngt eng Band eng nei EP eraus, déi ënnert hirem fréieren Numm kee schlechte Succès hat. Si ware scho Virband vum Slash an hunn, wéi et schéngt, och nach ëmmer regelméisseg Kontakt mat der Rock Legend. Firwat aus Porn Queen elo Dead Sinners ginn ass, wat an hierm Line Up geschitt ass, a wat een op hirer neier EP "Fire" erwaarde kann, héiert dir vun der Band selwer. Si hate leider keng Zäit méi fir an de Studio ze kommen, dofir hunn ech hinnen d'Froe geschéckt, si liesen se selwer vir a beäntweren se dann och.

Release vun der Woch: Obituary - Obituary (9/10)

No bësse Power a Folk komme mer nees zréck bei den Death Metal. D'Kult Death Metaller vun Obituary hunn de 17. Mäerz hiren neien a self-titled neien lbum erausbruecht.

A genee sou wéi d'Metaller aus Florida et mat all virëschter Release gemaach hunn, beweise si och mat hirem 10. Album, dass si net wëlles hunn, méi lues ze trëppelen. Um neien Album fënnt een deemno dat Bescht vum Beschten erëm, wat Obituary ze bidden hunn.

Déi zwee Gittariste Kenny Andrews an Trevor Peres bréngen zerstampfend Grooves a räissend Soloe mat, de Bassist Terry Butler suergt fir funkeg Basslines, den Drummer Donald Tardy ass verantwortlech fir dat brutaalt awer präziist Geknupps a vum John Tardy héiert een nees ganz zollitt Vocals, déi perfekt zum ganze Rescht passen:

Den Opener Brave ass relativ standard, an ass e gutt Stéck fir den Album mat Spaass unzefänken en d'Génécmuskele bëssen opzewiermen. Sentence Day bréngt da bësse méi interessant Gitar Momenter an d'Spill an den Andrews kënnt ëmmer nees mat klenge Momenter, während am Hannergrond d'Drums einfach nëmme verréckt spillen.

Lessons In Vengeance mixt e bëssen de Stil vun den zwee éischte Lidder, wougéint de 4. Track End It Now einfach nëmme e balls to the wall Fest ass. Déi rau Vocals schloe sech duerch d'Geshredds a falen och heiansdo a brutal déif Growls. A genee sou geet et och op Kneel Before Me virun.



Interessant sinn hei och d'Niewegeräicher, déi um Schluss vun dësem Track an um Ufank vum nächste Lidd It Lives fir eng bësse méi onheemlech Stëmmung suergen

Et ass och cool, dass de Bass genuch zum Virschäin kënnt. De Bass ass zwar um ganzen Album präsent, mà besonnech gutt stécht en am Track Betrayed ervir an de funkege Rhythmus suergt fir weider Ofwiesslung.

Turned To Stone ass e Stéck mat enger bësse méi Beat Down lasteger Approche, ass awer alles anescht wéi langweileg a Straight To Hell an Ten Thousand Ways To Die ass d'Freedefeier zum Schluss vum Album. Mat enger ganzer Panneauplie u Sounds halen dës zwee Tracks den Nolauschterer um Ball an zerräissen engem d'Trommelfeller..

Obituary si sécherlech technesch begaabt, mä et ass net dat, wat den Album ausmécht. Vill méi geet et hei ëm d'Astelung, de Groove an de Rock n Roll, deen engem wéi eng Fauscht an d'Gesiicht trëfft. Den Album verkierpert Aggressioun souwuel duerch onwahrscheinlech Vitessen, grad wéi och duerch grooveg Deeler, déi sou heavy sinn, dass ee quasi drënner zerbrécht. Den zéngten Album vun de Floridianer ass eng perfekt Death Metal Scheif, déi all Death Metal Fan dierft begeeschteren

Playlist

Iron Maiden - Remember Tomorrow (Iron Maiden; Harvest Records; 1980)

Liv Sin feat. Jykri 69 - Immortal Sin (Follow Me; Napalm; 2017)

Dead Sinners - Son Of The Earth (Fire; Independant; 2017)

Entrails - The Soul Collector (World Inferno; Metal Blade; 2017)

Apocalypse Orchestra - The Garden Of Earthly Delights (The End Is Nigh; Despotz; 2017)

Seven Kingdoms - Kingslayer (Decennium; Napalm; 2017)

Obituary - Ten Thousand Ways To Die (Obituary; Relapse; 2017)

Hate - Numinosum (Tremendum; Napalm; 2017)

Fleshgod Apocalypse - A Million Deaths (King; Nuclear Blast; 2016)

Episoden