Radioen

On air

Moiesstudio  |  Talk Talk - It's My Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Wat huet d'Scoutskiermes zu Esch mat Metal um Hutt?

Wat huet d'Scoutskiermes zu Esch mat Metal um Hutt?

Scoutskiermes


Haut am Programm hu mer en Interview mam Organisateur vun der Scoutskiermes zu Esch, déi d'nächst Woch ass. Dobäi gi mer gewuer, wat een dëst Joer a Punkto Musek erwaarde kann, an dat ass dëst Joer effektiv richteg metallesch.


Release vun der Woch: Below - Upon A Pale Horse (8/10)


Si sinn nach net sou immens bekannt, mä Leit, déi bëssen am Doom ënnerwee sinn, an / oder meng Sendung regelméisseg lauschteren, hu sécher scho vun hinnen héieren: Below aus Schweden, déi eng Mëschung aus epeschem Doom an traditionellem Heavy Metal maachen an et fäerdeg bréngen monolitesch monumentalen Doom trotzdem agängeg kléngen ze loossen. Haut koum hiren zweeten Album Upon A Pale Horse bei Metal Blade eraus.


Den Album fänkt ganz steil mam Opener Disappearing Into Nothing un, mat omnipräsentem béisen Doom an dem Sänger, deem seng Vocals duerch de verniwwelte Sound duerch stiechen an ee mat a miserabel an depriméierend Sphären hëllt. De Chorus vum Song ass riseg an eigentlech vill méi catchy, wéi een dat am Doom gewinnt ass


Nach méi düster an doomeg gëtt et am nächsten Track The Coven, iert den Titeltrack, dee bal 10 Minutten dauert, een nach méi déif an d'Spiral vun der Depressioun eroffale léisst an dobäi trotzdem ëmmer nees an den traditionelle Metal léine geet, an esou och e gewëssenen Undeel u Power kritt.




Suffer In Silence ass dogéint vill méi direkt an huet eng gewëssen Drénglechkeet opweises, a fillt sech mat senge crunchy Riffer wéi e Fauscht an d'Gesiicht. 1000 Broken Bones transportéiert ganz ähnlech Gefiller, ganz nom Motto vum Numm vum Track an de Closer We Are All Slaves ass einfach nëmme bedréckend a laugt een emotional zimlech aus..


Déi 7 Stécker op Upon A Pale Horse si perfekt Beispiller vu melodeschem epeschen Doom an obwuel den Album 47 Minutte laang ass, fillt e sech dach méi kuerz un, well de Songwriting einfach sou gutt ass. Ënnert anerem och duerch seng Dynamik a seng Ofwiesslung ënnerscheed den Album vum typeschem Doom an ass dofir och eventuell fir Leit interessant, déi nach net sou am Doom dra sinn.. Absolut emfehlenswäert.


Playlist


Death - Left To Die


Suffocation - Return To The Abyss


Desdemonia - Lay Down Your Crown


Kaledon - The Evil Witch


In Flames - Here Until Forever


John Frum - Wasting Subtle Body


Below - Hours Of Darkness


Tombs - Saturnalian


Running Death - Courageous Minds


Periphery - Marigold

Episoden