Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

Execration

Release vun der Woch: Execration - Return To The Void (8/10)

Fir als onbekannt Band vun engem décke Label ënner Vertrag geholl ze ginn, muss een entweder ee kennen, deen ee kennt, et muss ee sech mat enger anerer Band well een numm gemaach hunn, et muss een ouni Label einfach schonn eppes erreecht hunn oder awer et stécht ee musikalesch einfach aus der Mass ervir. Dat lescht ass de Fall bei der norwegescher Band Execration. Si sinn net wierklech bekannt, an awer bei Metal Blade ënner Vertrag. An haut koum hiren neien Album Return To The Void eraus.

Mat Eternal Recurrence gëtt et e recht flotten Death Metal Optakt, mat liichte Referenzen zu fréiere Samael Stécker. Wéinst der Komplexitéit gëtt een zum Deel och u Celtic Frost erënnert. Duerno geet et weider mat Hammers of Vulcan, deen no sengem sfchleefenden Ufank e relativ schwaarze Flair huet, iert et da mat Nekrocosm - am Géigesaz zu deem, wat een duerch dësen Numm kéint mengen - a Richtung Thrash geet. Sou mierkt een also scho bei den éischten dräi Lidder, dass Return to the Void eng Rees duerch verschidde Genren ass.



Execration geet et, wéi et schéngt, och drëms originell ze wierken a sinn doduerch och heiansdo bësse méi verréckt an ongewéinlech ënnerwee. Sou héiert een am Stéck Det Uransakelige Dyp z. B. eng Tambourine, wat am Metal jo éischter seele virkënnt. Gutt dobäi ass, dass esou Experimenter net op Däiwel komm eraus forcéiert goufen, mä et kléngt alles recht natierlech an dat dacks an iwwer laang Strecken

Wat der Band absolut gelongen ass, ass dass alles, wat si mat an hir Musek afléisse loossen, also gutt mateneen harmoniséiert.

E klengt Meeschterwierk ass Execration mat Return to the Void scho gelongen. Allerdéngs kann et fir munchereen awer bëssen ze vill däers gudde sinn. Well och wann alles iergendwéi gutt beienee passt, sinn d'Ënnerscheeder tëscht den eenzelne stécker awer relativ grouss, sou dass keng richteg rout Linn am Album dran ass. Doriwwer eraus geléngt et der Band och net ëmmer op de Punkt ze kommen. An dat ass bei Prog awer relativ wichteg.. Et geet eben net duer proggesch ze sinn, fir proggesch ze sinn..

Playlist

Bolt Thrower - ...For Victory

Samael - Angel Of Wrath

Exposer - Faceless

The Haunted - Brute Force

Cradle of Filth - Heartbreak and Seance

Paradise Lost - The Longest Winter

Execration - Hammer of Vulcan

Bloodclot - Manic

Fight The Fight - Anitra's Dance

Dawn of Disease - Akephalos

Everwaiting Serenade - No Harbor

Lost In Pain -

Episoden