Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Sam Gendel & Fabiano do Nascimento - Poeira

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

Nordic Rock

Nordic Rock

Et ass nach eng Woch bis den Nordic Rock nees zu Veianen ass a wat et do dëst Joer neits gëtt, verroedn ech iech lo ganz geschwënn am Interview mat engem vun den Organisateuren, dem Patrick Hellenbrandt.

Release vun der Woch: Paradise Lost - Medusa (8/10)

Pionéier oder Pappe vum Gothic Metal, sou gi Paradise Lost vun deene meschte Leit gäer genannt. Si selwer, op mannst de Gittarist Aaron bezeechent sech selwer gären als Gondolier of Gloom.. Egal wéi ee se nennt, d'Englänner sinn eng Institutioun an der Welt vun den düsteren Téin. Den 1. September koum hiert neiste Wierk Medusa bei Nuclear Blast eraus.

Wa si am Laf vun hirer Carrière de Stil ëmmer nees bësse gewiesselt an ugepasst hunn, an zum Deel och souguer méi accessibel a manner extrem gi sinn, sou hate se 2015 mat hirem The Plague Within nees bëssen zréck bei hir Wuerzele fonnt. Hire 15. Album Medusa fiert net nëmme mat deem Trend virun, mä hu souguer nach eng Schëpp Heaviness bäigeluecht.

Den Album fänkt mat Fearless Sky, dat ganzer 8 Minutten huet, am Fong éischter ongewéinlech un, ma Paradise Lost bréngen et fäerdeg, den track interessant genuch ze gestalten, dass et engem net langweiler gëtt, notamment doduerch, dass en zwar heavy doomeg ufänkt, am Laf vun den 8 Minutte awer den Tempo wiesselt an den Nick Holmes och mol méi melodesch séngt.



Nieft den typesche Paradise Lost Mierkmoler gëtt et op Stécker wéi Blood an Chaos éischter an engem uptempo Rhythmus energesch viru geet.

Dat hëlleft dem Album natierlech méi dynemsch ze ginn ma d'Essenz vu Paradise Lost läit op dëse Album nees ganz kloer an hiren typesch schwéierfällegen, heavy a verdrëssleche Riffer a melancholeschen Vocals, wéi z. B. op Tracks wéi Gods of Ancients.

An och wann den Nick Holmes um Titeltrack Medusa virun allem melodesch séngt, si Growls awer omnipresent um Album a gi virun allem an de Stécker Until the Grave oder No Passage for the Dead gehighlight.

Et hat ee Moment sou ausgesinn, wéi wa Paradise Lost wéi vill aner Bands méi mainstream gi wieren a mam Alter u Qualitéit géifen ofhuelen, ma de leschten Album hat well bewisen, dass d'gondoliers of Gloom et nach ëmmer drop hunn an den neien Album Medusa verstäerkt deen Androck nach. De 27. Setember sinn si och an der Kufa. Op kee Fall verpassen!

Playlist

Metallica - Motorbreath

Sorcerer - Sirens

Rage - Seasons of the Black

Architects - Doomsday

Ensiferum - Two Paths (Live acoustic)

Cripper - Into the Fire

Paradise Lost - Until the Grave

Arch Enemy - First Day in Hell

Episoden