Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Sam Wilkes & Jacob Mann - Siri, How Do I Know If I Have Commitment Issues?

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Ensiferum - Two Paths

Ensiferum - Two Paths

Release vun der Woch: Ensiferum - Two Paths (7,5/10)

Vill agefleeschte Fans vun Ensiferum waren net frou, wéi de Jari Maenpäa d'Band no zwee Albume verlooss huet a vill gesinn doran och den Ënnergang vun der Band a behaapten d'Albumen, déi duerno koumen, wieren ëmmer méi schlecht ginn. Vu, dass ech d'Band awer réischt kennegeléiert hunn, wéi de Jari well net méi dobäi war, gesinn ech dat ganzt manner dramatesch. Ech sinn e grousse Fan vu Victory Songs a From Afar a war och nach vum leschten Album One Man Army begeeschtert. Dofir sinn ech och mat Begeeschterung un dësen neien Album Two Paths erugaang.

Two Paths fänkt mam schéi melodeschen Opener Ajottamasta Unesta an traditioneller Manéier un a bréngt een an d'Stëmmung fir déi Sing-along Tracks For Those About to Fight For Metal a Way Of The Warrior, déi duerno kommen an och well als Single erauskomm sinn. Den éischten Track vun deenen zwee erënnert mat sengem schnelle Chorus bëssen un de Stil vum vireschten Album, woubäi den aneren mat senge folkloresche Melodie ferm un d'Victory Songs Ära erënnert.

Dës Stécker sinn zwar effektiv, wéi verschidden al Fans kritiséieren, net esou genial, dass se um Album oder iren an der Discography géifen ervirstiechen, mä et si Lidder, déi ee live absolut matrappen an déi een alueden, matzesangen.

No dësem zwee Stécker geet et mam Titeltrack Two Paths a mat King of Storms virun, an deenen d'Band nees clean Vocals benotzt huet an dës mat hire waarme Gittar-Melodien ënnermolen, an op deenen de Rhythmus an och de Bass alt nees bëssen un Zäite vun hire Victory Songs erënneren. Ënnert anerem och duerch déi laang a verspillte Soloen.



Duerno verléiert den Album leider bëssen u Fokus, et fänkt u manner Hooks a manner driwende Rhythmus ze ginn. Don't You Say kënnt éischter wéi en einfache Song dohir, dee sech selwer vill widderhëlt a mat I Will Never Kneel gett et nach emol e Krank méi langweileg, bezéiungsweis ass de Songwriting méi schlampeg an net fokusséiert an net synchroniséiert.

Mat God Is Dead probéiert d'Band dann nach emol mat festlecher Ambiance an erënnert zum Deel souguer bëssen un Alestorm.

Ass net forcément schlecht, mä passt net sou 100% an dat, wat d'Band bis well op dësem Album presentéiert huet, vu dass déi éischt Halschent vun Two Paths jo awer bësse méi aggressiv a kal eriwwerkomm ass. An de Schluss vum Album ass mat engem éischter neutrale mid-tempo Stéck Hail To The Victor och net dat, wat ee sech erwaart, wann een un den Album Victory Songs zréckdenkt.

Vu dass also och ech, dee jo net sou virageholl war, vun dësem Album net 100% iwwerzeegt sinn, wäert en och den een oder aneren treien Ensiferum Fan net ganz zefriddestelle kënnen. Schlecht ass en allerdéngs och net, an den een oder aneren neie Fan kann d'Band mat dësem Album och sécher dobäi gewannen.

Playlist

Kreator - Extreme Aggression

Cattle Decapitation - The Prophets Of Loss

Watain - Nuclear Alchemy

Kraton - Drag Your Coffin (Live @ Differdanger)

Apophys - Retaliate

The Faceless - Digging The Grave

Ensiferum - King Of Storms

Avatar - A Statue Of The King

Ram - Incineratimg Storm

Feared - The Mare

Episoden